Team Sandy 2
Notre équipe soutient la Fondation Cancer en participant au Relais pour la Vie.
Fir déi drëtt Kéier hannereneen huele mir un dëser Aktioun deel, fir un d'Sandy ze erënneren. D'Sandy war a bleift fir eis eng aussergewéinlech Inspiratiouns- a Kraaftquell. Mat hirem Courage, hirer Liewensfreed an hirer Aart, mam Kriibs ëmzegoen, huet si vill Mënsche beandrockt a geprägt. Mat eiser Participatioun wëlle mir net nëmmen him gedenken, mee och all deene Courage an Hoffnung vermëttelen, déi direkt oder indirekt vum Kriibs betraff sinn. Gläichzäiteg wëlle mir eise klengen awer enorm wichtege Bäitrag dozou leeschten, datt d'Fuerschung virukënnt, den Dépistage verbessert gëtt an d'Fondation Cancer och weiderhin déi Mënschen ënnerstëtze kann, déi Hëllef a Begleedung brauchen. Mat all Ënnerstëtzung fir eis Equipe hëlleft dir mat, dëse wichtege Message vu Solidaritéit, Hoffnung a Matgefill weiderzedroen. Merci, datt dir zesumme mat eis d'Sandy an Erënnerung behaalt an zu dëser wichteger Saach äre Steenchen bäidrot. 🌻🌻🌻
Les membres de l’équipe (0)
Cette équipe n'a pas encore de participants.
Progrès de l'équipe
0
Donateur
0,00 €
Fonds collectés
0h
Temps écoulé